youngcaritas
11 - 13 rue Geespelt L-3378 Livange
Tél: 36 74 68 1
Courriel : Cette adresse e-mail est protégée contre les robots spammeurs. Vous devez activer le JavaScript pour la visualiser.
youngcaritas ass eng Plattform fir jonk Leit, wou si d’Méiglechkeet kréie vir sech ze engagéieren, a sou e positiven Impakt op d’Gesellschaft ze hunn. Mir gleewen, datt déi Jonk Chancë brauchen, fir eng nohalteg Welt vu Solidaritéit a sozialer Gerechtegkeet ze schafen.
Et gëtt verschidde Méiglechkeete vir sech bei youngcaritas ze engagéieren:
- maach mat bei engem solidaresche Projet vum Solidactive
- hëllef eng Aktivitéit vum Spillmobil ze animéieren
- encadréier an animéier eng vun eisen Vakanzekolonien
- huel un der Formatioun vir den Animateur deel
- gëff kreativ an entwéckel Däi Projet oder maach e längerfristegt Volontariat
Duerch den immensen Engagement vun de Jonke kenne mir folgend aner Offeren ubidden:
- dir wëllt e Kand oder Jugendleche vir eng Vakanzekolonie aschreiwen? Un lass!
- dir sitt e méiglechen Partner vir e Projet vum Solidactive, vum Spillmobil oder vir ee Workshop? Kontaktéiert eis!
Mir freeën eis op iech !